Zeréck bei den Inhalt

Op den Index eriwwergoen

LEKTIOUN 3

Kënnt déi gutt Noriicht wierklech vu Gott?

Kënnt déi gutt Noriicht wierklech vu Gott?

1. Vu wiem ass dʼBibel eigentlech?

An der Bibel steet déi gutt Noriicht, datt Mënschen eng Kéier fir ëmmer op der Äerd liewe kënnen (Psalm 37:29). DʼBibel ass aus 66 eenzelne Bicher zesummegesat. Gott huet ongeféier 40 Männer gebraucht, fir si ze schreiwen. Viru ronn 3 500 Joer huet de Moses mat den éischte 5 Bicher ugefaangen a virun 1 900 Joër ass dat lescht Buch vum Apostel Johannes geschriwwe ginn. Wiem seng Gedanken hunn dʼBibelschreiwer opgeschriwwen? Net hir eegen. Gott huet hinnen duerch säin Hellege Geescht seng Gedanke ginn (2. Samuel 23:2). Dowéinst kann ee soen, datt dʼBibel eigentlech vu Jehova ass. – Liest 2. Timotheus 3:16; 2. Petrus 1:20, 21.

Kuckt de Video Wien ass den Auteur vun der Bibel?

2. Firwat kann een un d’Bibel gleewen?

DʼBibel muss vu Gott sinn, well se genee seet, wat an der Zukunft geschitt. Dat ka kee Mënsch (Josua 23:14). Nëmmen den allmächtege Gott kann an dʼZukunft kucken a genee soen, wat nach op dʼMënschheet duerkënnt. – Liest Jesaja 42:9; 46:10.

DʼBibel ass eemoleg, genee wéi een sech e Buch vu Gott virstellt. Et gi Milliarde Kopien, an dat an Honnerte vu Sproochen. Obwuel dʼBibel een aalt Buch ass, ass si wëssenschaftlech korrekt, an déi 40 Bibelschreiwer widderspriechen sech net. * DʼLéift vu Gott zu de Mënschen ass an der Bibel kloer ze erkennen, an si bréngt et haut nach fäerdeg, dʼMënschen zum Gudden ze veränneren. Dofir si Millioune Mënschen iwwerzeegt, datt si wierklech vu Gott kënnt. – Liest 1. Thessalonicher 2:13.

Kuckt de Video Firwat kann een un d’Bibel gleewen?

3. Ëm wat geet et an der Bibel?

Et geet haaptsächlech dorëms, datt Gott eppes wonnerbares mat der Mënschheet wëlles huet. DʼBibel seet eis, firwat viru laanger Zäit dʼParadis hei op der Äerd verluer gaangen ass, a wat geschéie muss, fir datt mir et erëmkréien. – Liest Offenbarung 21:4, 5.

An der Bibel fanne mir och Gesetzer, Reegele fir dʼLiewen, a gudde Rot. Si erzielt eis, wéi Gott fréier mat de Mënschen ëmgaangen ass. Doduerch léiert ee Gott esou gutt kennen, datt een säi Frënd ka ginn. – Liest Psalm 19:7, 11; Jakobus 2:23; 4:8.

4. Wéi kann een dʼBibel verstoen?

Dës Broschür hëlleft Iech, dʼBibel ze verstoen. Si geet d’selwecht vir, wéi Jesus et gemaach huet. Hien huet dʼBibeltexter zitéiert an se sou erkläert, „datt se dʼHelleg Schrëft konnte verstoen.“ – Liest Lukas 24:27, 45.

Näischt ass méi beandrockend wéi déi gutt Noriicht vu Gott. Muncherengem ass si egal an anere reegen sech iwwer si op. Datt ass awer kee Grond fir opzeginn. Eist éiwegt Liewen hänkt dovun of, datt mir Gott kenne léieren. – Liest Johannes 17:3.

 

^ Abs. 3 Méi Informatiounen dozou an der Broschür Was ist der Sinn des Lebens?