LIDD 158
Et kënnt net ze spéit!
1. Onbeschreiflech schéin
all deng Wierker sinn.
Deng Schöpfung beweist
deng Léift an deng Gedold.
D’Welt verännert sech,
du dech awer net.
Gedëlleg waarts du,
fir alles nei ze man.
(REFRAIN)
Schenk eis nach méi Gedold,
ze waarde si bereet.
Blécken an d’Zukunft voll Freed.
Mir wëssen däin Dag kënnt,
sécher wéi d’Sonn opgeet.
Wësse genee d’Paradis,
et kënnt net ze spéit!
2. Mir vermëssen all,
déi gestuerwe sinn.
Sou déif ass deng Léift,
du bréngs si gläich zeréck.
Du gedëlleg waarts,
frees dech schonn op si.
Esou eng Gedold
och mir gär wëllen hunn.
(REFRAIN)
Schenk eis nach méi Gedold,
ze waarde si bereet.
Blécken an d’Zukunft voll Freed.
Mir wëssen däin Dag kënnt,
sécher wéi d’Sonn opgeet.
Wësse genee d’Paradis,
et kënnt net ze spéit!
3. Du sichs mat Gedold –
wäertvoll Häerzer fënns.
Deng Hoffnung si heelt,
e sënnvollt Liewe schenkt.
D’Wou’recht wëlle mir
deele mat all Mënsch.
Eis Zäit setzen an,
vun Häerze mir dir so’n:
(REFRAIN)
Schenk eis nach méi Gedold,
ze waarde si bereet.
Blécken an d’Zukunft voll Freed.
Mir wëssen däin Dag kënnt,
sécher wéi d’Sonn opgeet.
Wësse genee d’Paradis,
et kënnt net ze spéit!
Léiwe Papp, schenk eis Gedold!
(Dozou och Kol. 1:11.)